De Projet Lëtzebuerger Lidderflupp vum Museker Georges Urwald ass eng Zäitrees duerch de lëtzebuerger Lidderpatrimoine, mat flotten Arrangementer vun thematesche Lidderpotpourrien fir Gesank a Piano mat groussem Sinfonieorchester, arrangéiert vum Tom Braquet, Jean-Marie Kieffer, Georges Sadeler a Georges Urwald.

D’Programmatioun ëmfaasst 10 Gesankswierker vu Lëtzebuerger Komponisten. Den Orchester „Luxembourg Philharmonics“ ënnert der Leedung vum Dirigent Ivan Boumans spille sech op dëser flotter CD mat der Sängerin Deborah Marinkovich an dem Georges Urwald duerch d’Lëtzebuerger Lidderkultur.

Dir kënnt den CD bei eis bestellen andeems Der eng Email op info@milasbl.lu schreift oder direkt en Digicash oder e Virement vun 22 EUR (Versand inclus) maacht. D’Bezueldetailler fann Der hei.

 

 

Eng Produktioun vum Stued Theater an der MIL asbl, an Zesummenaarbescht mat der Lëtzebuerger Philharmonie, ënnerstëtzt vum Kulturministère, der Fondation Indépendance an der SACEM.

Label: Luxembourg Classics

Coverkonscht: Lea Schroeder