Dementia, you sock!
Donneschdeg, 13. Juni | 14:30
vum a mam Milla Trausch
Reportage um 100, 7 vum 16. Juni vum Nathalie Bender

An dëser Solo-Performance erzielt d’Milla Trausch Märercher a Seechen aus verschiddene Länner, déi sech mat den Theme Léift a Bezéiung befaassen. Den Erziel- Programm gëtt esou wuel mat Musek vu Vinyl-Placke wéi och vu live Kläng ënnermoolt. Des Virstellung went sech u Leit ab 10 Joer mat oder ouni Demenz an ass speziell intergenerationell konzipéiert, fir Beréierungsängscht ofzebauen an fir en Austausch ze erméiglechen. Kléng Anekdoten aus Erzielunge vu Betraffene ginn ëmmer erëm nees agebaut, fir d’Thema Demenz op eng poetesch an humorvoll Manéier ze beliichten.
Ariichtung Rafael Kohn | Coaching Storytelling Betsy Dentzer |
Produktioun Fundamental, MIL asbl, Theater Traverse asbl, ALA asbl
an der Banannefabrik, 12 rue du puits zu Bouneweg
op Lëtzebuergesch
You must be logged in to post a comment.