„O quel bonheur“ a COVID-19 Zäiten

De Joe Del-Toe an Actioun :) copyright D. Jung

Och wann eis „Live“-Programmatioun am Moment op Äis läit, versiche mir, sou gutt et geet, Alternativen ze fannen, fir de Mënsche mat Demenz schéi Momenter ze schenken. An deem Sënn hunn de Georges Urwald (Gesank a Piano) an de Joe Del-Toe (Clownereien) freides, de 15. Mee 2020, zu Ierpeldeng am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ en Deel vun der Programmatioun vun eisem „Kanner o Kanner, o quel bonheur“-Projet gespillt a gesongen.

De Piano gouf op dräi verschidde Plazen am Gaart vum Heem opgestallt, Mikroen a Verstäerker installéiert, d’BewunnerInnen op de Balcone gemittlech placéiert, an zesumme goufen du Klassiker vum Poutty Stein, Dicks a Lentz gesongen.