2021 „Eng Rees duerch d’Zäit(en)“ am Conservatoire an der Stad

 

Eng Rees duerch d‘Zäit(en)…

mam Georges Urwald a sengem Ensembel, dem Marly Marques an dem Mady Weber,

dem Clown Joe Del Toe

an dem Lalala-Chouer vun der Associatioun Alzheimer

e Liddernométteg fir Mënsche mat Demenz a jidderee soss

organiséiert vun der MIL asbl am Kader vum Weltalzheimerdag 2021

Mat Zesummestellunge vun de bekanntste Lëtzebuerger an internationale Lidder si mer duerch d’Zäiten gereest. Mat vill Gesank, Piano a verschiddene Blosinstrumenter. Bekannte Lidder vum Spillmann, dem Blannen Theis, Éiweggrénger vum Dicks, Pärelen aus der Lentz-Famill, Spëtzbouwesches vu Poutty Stein & Co., Scouteschlager, Wäilidder vun der Musel an eng Hellewull vun internationale Lidder a Stiler, déi d’Rock- an d’Popgeschicht gepräägt hunn, hunn e Lidderfest, eng Gesanksfeier, e Moment, an deem mer zesumme waren an zesumme genéisse konnten, garantéiert.

Zousätzlech hu mer e Livestream ugebueden fir datt souvill wéi méiglech Leit vum Nomëtteg profitéiere konnten.

 

 

Mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, dem Ministère de la Culture, der Stad Lëtzebuerg, der Fondation Indépendance a Fleurs Wüst

CovidCheck-Event