MIL

21. Juni 1949 – 12. Februar 2023

Merci fir deng Léift, deng Gebuergenheet, däi Verständnis,

däi Savoir-Vivre an deng Generositéit.

Merci fir deng Geschichten an Anekdoten.

Merci fir alles, wats de eis mat op de Wee ginn hues.

Merci fir all Moment, dee mer bis zum Schluss mat der verbrénge konnten.

D’Liewen ouni dech ass net méi, wéi et wor. Du feels eis elo a fir ëmmer.

 

Den 13. a 14. Mee 2023 um 15:00 Auer spille mer eise Concert Kanner O Kanner O quel bonheur am Théâtre National du Luxembourg, 194 rte de Longwy, L-1940 Lëtzebuerg.

Den Theater ass rollstullgerecht (keng Trapen, eng Toilette fir Leit am Rollstull) an d’Leit kënne firun der Dier eraus gelooss ginn.

Verbrëngt mat eis e flotte Liddernomëtteg mam Georges Urwald, Mady Weber, Marly Marques, dem Orchesterchen Ganz Flott an dem Clown Joe Del Toe a reservéiert Är Ticketen ënnert dëser Mailadresse: dani@tnl.lu

Präisser: 15 EURO, 10 EURO op de Kapp ab Gruppe vu 5 Leit, 5 EURO fir Kanner bis 12 Joer

 

 

Eist Lidderbuch mat DVD kënn Der och nach ëmmer hei bestellen!