
2012 krut eise Papp, de Mil, d’Diagnos Alzheimer. Hie war zu deem Moment eréischt Ufank 60 an hat ganz aner Pläng fir d’Zäit vu senger Pensioun: reesen, seng Enkelkanner méi gesinn, liesen, Concerten, Theater, Vëlo fueren… All dat huet d’Krankheet him lues a lues geholl. 2018 koum hien dunn an e Fleegeheem. Zënterhier si mir als Famill net nëmme mat senger Krankheet konfrontéiert, ma och mat där vun all den anere Mënschen, déi mat him do liewen.
Wéi mäi Papp an d’Heem komm ass, hunn ech eréischt realiséiert, wéi isoléiert hien ass. Ma e war dat och scho virdrun doheem a meng Stéifmamm mat him. De Besuch ass méi rar ginn an eraus goen ënnert d’Leit gouf ëmmer méi schwiereg. Als Mënsch mat Demenz fonctionnéiert een net méi esou, wéi eis gesellschaftlech Coden et vun eis verlaangen: am Restaurant, an engem Theater, op engem Concert… Et verléiert een dat, wat mer ënner “gudder Kannerstuff” verstinn, d’Emotioune komme méi ongefiltert eraus an dobäi kommen eventuell nach aner Erkrankunge wéi Depressiounen.
Ech hunn d’Initiativ geholl, fir dës asbl ze grënnen – déi Kulturprojeten, fir Mënsche mat Demenz initiéiert an encadréiert –, well et mir e grousst Uleies ass, datt d’Mënsche mat Demenz Deel vun eiser Gesellschaft bleiwen an net einfach hannert de Mauere vun hiren Haiser an duerno hannert de Mauere vun de Fleegeheemer verschwannen. Si sinn ëmmer nach do, och wa se “anescht” sinn, och wann et munchmol schwéier ass, mat dëser Krankheet eens ze ginn, hir an d’Gesiicht ze kucken.
Kultur schwätzt Emotiounen un. Kultur verbënnt a schaaft schéi Momenter zesummen. Virun allem hunn ALL d’Mënschen – nom Artikel 27 vun der allgemenger Mënscherechtsdeklaratioun vun de Vereenten Natiounen – d’RECHT um kulturelle Liewen deelzehuelen. Grad dann, wann d’Fiedem zu Raum an Zäit lues a lues räissen, ka Kultur nees Brécke bauen an de System, an deem de Mënsch mat Demenz sech beweegt, stäerken. Wann d’Krankheet vu mengem Papp mech eppes geléiert huet, dann ass et, déi schéi Momenter, déi mer nach mateneen hunn, intensiv ze liewen. Mir musse just all en Effort maachen an eis drop aloossen. Ech wënsche mer dat fir de Mil an all déi aner Leit, déi mat der Krankheet liewe mussen.
Dani Jung,
Presidentin MIL asbl, 13. Mee 2019