„Kanner o Kanner, o quel bonheur“ zu Ierpeldeng „Beim Goldknapp“
Copyright S.Molitor Copyright D.Jung Copyright S.Molitor Copyright D.Jung Copyright D.Jung
Kultur verbënnt a schaaft schéi Momenter zesummen. Grad dann, wann d’Fiedem zu Raum an Zäit lues a lues räissen, ka Kultur nees Brécke bauen an de System, an deem de Mënsch mat Demenz sech beweegt, stäerken. Dofir huet d’Mil asbl – zesumme mat der ALA – den 12. an 13. Oktober 2019 d’Familljen, d’Frënn an d’Fleegepersonal op ee spezielle Concert mat de Liiblingslidder vun de BewunnerInnen am Festsall vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng invitéiert.
Eng Rei Bewunnerinnen goufen am Virfeld vun engem Coiffer/Maquilleur „eraus gefiizt“.
Den 25. a 26. Januar 2020 sinn ëffentlech Virstellungen am CAPE zu Ettelbréck an de 17. an 18. Oktober am „Alt Stadhaus“ zu Déifferdeng.
Wann Der intresséiert sidd, de Projet och ze weisen, da kënn Der Iech bei eis mellen: info@milasbl.lu
Artikel am Lëtzebuerger Journal
Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, dem Kulturministère an der Fondation Indépendance
You must be logged in to post a comment.