„Kanner o Kanner, o quel bonheur“ am CAPE zu Ettelbréck

No enger erfollegräicher Premiere am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng am Oktober 2019, hu mer mam Projet „Kanner o Kanner, o quel bonheur“ Statioun zu Ettelbréck am CAPE (Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker) gemaach an déi éischt „relaxed performance“ ugebueden. Den Nomëtteg war op d’Besoine vu Mënsche mat Demenz ugepasst fir datt se sech wuelfillen.

Quel bonheur: de CAPE war mat 2 mol 80 Plazen ausverkaf.

Gesonge goufen nach eemol d’Liblingslidder vun de BewunnerInne vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“. Um Programm stounge Lëtzebuerger Klassiker, ënnert anerem vum Poutty Stein, dem Dicks an dem Lentz, awer och e puer international Evergreens. Nieft dem Georges Urwald, dem Mady Weber an dem Ensembel gFLOTT (ganz Flott: Georges Urwald, Anne Kaftan, Joe del Toe, Franck Hemmerlé, Jeff Mack a Franz Schilling) waren nach de Schauspiller André Jung, d’Schauspillerin Fabienne Hollwege an den Operesänger David John Pike mat um Rendezvous an hu Jonk an Aal begeeschtert. Am Ganze 6 Fleege- an Altersheemer, e mobile Fleegedéngscht, souwéi vill Privatleit hunn deelgeholl.

Temoignagen:

„Wéi ech heihinner bruecht gi sinn, hätt ech mer net erdreeme kënnen, 

datt dat esou schéi gëtt.“

„Ech hat scho laang kee sou flotten Dag méi.“

„Dat doten well ech an Zukunft méi oft hunn.“

„Gestern (…) hatten wir das Vergnügen bei eurem Konzert dabei zu sein. Es hat uns sehr gut gefallen und unsere Bewohner schwärmen auch heute noch von dem schönen Nachmittag.“

„Ech wollt iech just einfach nëmme vill- villmols Merci soen! Mäi Mann an ech wore selwer net do, mä d’Bomi (där hiere Mann krank ass), huet eis eng véierel Stonn um Telefon just vun hierem Nomëtte virgeschwäermt, mir hu si scho laang net méi esou glécklech héieren! Si an hier Begleedpersounen, wou de Partner och krank ass, wore begeeschtert!!
Villmols Merci datt dir esou Momenter erméiglecht!“
 

Reportage vun RTL vum 29. Januar 2020

Merci och dem Info-Zenter Demenz, dee mat engem Stand sur place war.

A Coopératioun mam CAPE an der Association Luxembourg Alzheimer an der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, dem Ministère de la Culture, der Fondation Indépendance an RTL.