De MIL Chouer – e Chouer fir jiddereen

Dir sangt gären ? Dir maacht gären eng flott Aktivitéit mat Äre Léifsten zesummen ?

Da kommt all zweet Woch Samschdes vun 10:30-11:30 Auer op Ierpeldeng an de Festsall vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ fir an eisem inklusive Chouer matzesangen. Méi Infoen ënnert info@milasbl.lu

Jiddereen ass wëllkomm! E Mënsch mat Demenz soll vun enger Bezugspersoun begleet sinn.

Um Programm stinn Opwiermübungen fir de Kierper an d’Stëmmbänner, einfach Lidder am Kanon an da studéiere mer zesumme bekannte lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Lidder an (Wéi meng Mamm nach huet gesponnen, Kiermes am Duerf, Lili Marleen, Sur le pont d’Avignon a vill anerer).



Nächst Seancën mam Chantal Kirsch:

6. Juni 2026 um hallwer 11

20. Juni 2026 um hallwer 11

4. Juli 2026 um hallwer 11

25. Juli 2026 um hallwer 11

12. September 2026 um hallwer 11

19. September 2026 um hallwer 11

26. September 2026 um 14:00 Concert op der Place Clairefontaine am Kader vum Weltalzheimerdag

 

De MIL-Chouer gëtt vun der MIL asbl a vum Théâtre National du Luxembourg (TNL) organiséiert an encadréiert zesumme mam INECC an der Association Luxembourg Alzheimer.

Ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

Concert am Kader vum Inklusiounsdag vun der VDL den 25. Abrëll 2026 op der Place d’Armes

Fotoen: Dani Jung/Gilles Seyler