Ziler

MIL steet fir „Momenter intensiv liewen“ an d’asbl huet sech als Zil gesat, kulturell Projete fir Mënsche mat Demenz ze initiéieren an ze encadréieren. Engersäits geet et eis drëms an de Fleegeheemer Projeten unzebidden, déi an de Fleegealldag integréierbar sinn. Duerch Konscht a Musek kann et geléngen, nees Brécken zu de BewunnerInnen opzebauen. An engems bréngt et dem ganze System eng Ofwiesslung am Fleegealldag.

Anerersäits wëlle mir sougenannte „relaxed performances“ ubidden, dëst an Zesummenaarbecht mat Kulturhaiser. „Relaxed performances“ si Virstellungen, déi un d’Besoine vun de Betraffenen ugepasst ginn, z.B. d’Auerzäit, d’Luuchten, d’Lautstäerkt, ma virun allem däerfen si sech ginn, wéi se sinn.

Béid Usätz sollen et erméiglechen, Begéignungsräim fir Mënsche mat Demenz, hiren Entourage, awer och fir Net-Betraffener ze schafen, an esou déi Betraffen nees e Minimum um gesellschaftleche Liewen deelhuelen ze loossen.