D’Maus Kätti

E Projet vun Toile Si-Re a.s.b.l.

Den 13. Mäerz 2020 fir d’BewunnerInnen vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ an d’Kanner aus der Primärschoul vun Ierpeldeng

Photokredit: Annick Henricy

D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach

zu Biermereng am Feld;

„Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach,

wéi gutt ass `t op der Welt.“

Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen am dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land – an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.

Thematik:

An enger Welt, wou mir eigentlech „alles“ kennen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn – l’embarras du choix – ass d’Thematik vun dëser Geschicht brandaktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou – an net mäi Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner – wat mécht MECH frou? Des Froen si wesentlech a beschäftegen net ëmsoss d’Mënschheet schonn zënter méi wéi 2500 Joer. Sou laang ass et nämlech hir, dass den Aesop des Fabel geschriwwen huet. 

An enger Fabel iwwerhuelen d’Déieren d’Roll vum Mënsch a stellen hien duer mat all senge Naupen, Charakterzich a Musteren. Et geet net drëms ze werten, ze jugéieren oder ze uerteelen. Et gëtt einfach just beschriwwen! Ob a wéi eng Léier een aus dëse kuerzen an einfachen Geschichten zitt, hänkt vum Lieser, vum Zuschauer selwer of.

Résumé vun der Geschicht:

D’Maus Kätti wunnt um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. D’Kätti ass iwwerglécklech, mee d’Mim fillt sech guer net wuel an huet och guer keng Loscht op dat einfacht,  rouegt a gemittlecht Landliewen. De graffe Kascht deen d’Kätti him opdëscht, geet em ganz laanscht de Stréch. Frou ass et, fir schnell nees zréck an d’Stad ze goen. Et probéiert awer d’Kätti z’iwwerrieden, hatt eemol an der Stad ze besichen. Wat d’Kätti och mécht! Allerdéngs mat enger gewëssener Angscht awer och Virfreed am Gepäck! D’Kätti ass total iwwerwältegt vun deem Luxus, vun der ongewinnter Villfalt a léisst sech voll a ganz dorobber an. Hatt decidéiert souguer säin aalt Liewen iwwer Bord ze werfen, dem Landliewen de Réck ze dréinen a beim Mim an der Stad ze bleiwen. Mee, wéi d’Liewen sou schéi spillt, lafen dem Kätti zum richtege Moment den Tunn an d’Munni iwwert de Wee …

Allgemeng Informatiounen:

De Spektakel riicht sech u Grouss a Kleng ab 6 Joer. 

Op Lëtzebuergesch, 40 Minutten

Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d’Kusinn Mim: Annick Sinner

Musek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d’Maus KättiNadine Kauffmann

Mise en scène a LuuchtekreatiounMartine Conzemius

Kostümer: Toile Si-Re 

Produktion: Toile Si-Re a.s.b.l. op Commande vum Ministère de la Culture