fbpx

Aktioun: Schenkt e Lidd

D’MIL asbl ass och a COVID-19 Zäite beméit, fir de Mënsche mat Demenz schéi Momenter ze schenken.

Hëlleft eis mat engem Don, fir iwwert de Summer eng Rei Concerten an den Heemer ze spillen.

Mat engem Don vu 25 Euro schenkt Dir de Bewunner*innen ee Lidd a bréngt esou vill Freed an d’Heemer. Um Programm sti Lëtzebuerger Klassiker an international „Evergreens“ aus eiser Programmatioun „Kanner o Kanner, o quel bonheur“, e portugiseschen Nomëtteg a Clownereien.

Dir kënnt natierlech och gäre méi Lidder schenken.

D’Done si steierlech ofsetzbar, wann Dir de Virement direkt op de Konto vum Fonds Culturel National mam Vermierk „2019/071 MIL asbl, Aktioun: schenkt e Lidd“ maacht: BCEELULL LU24 0019 4655 0203 7000. Dir kritt vun hinnen en Zertifikat fir d’Steieren

a si leeden Ären Don un eis weider.