Dëst Buch ass méi wéi e weidert Text- a Noutebuch.

Et ass d’Buch mat de Liblingslidder vun de BewunnerInne vum Wunn- a Fleegeheem ’’Beim Goldknapp’’ zu Ierpeldeng,

wou just Mënsche mat Demenz liewen.


Et ass d’Buch zu eisem éischte grousse Projet ‘‘Kanner, o Kanner, o quel bonheur’’ (Oktober 2019 am Heem zu Ierpeldeng a Januar 2020 am CAPE zu Ettelbréck), deen eis dora bestätegt huet, wéi
wichteg et ass, fir Raim ze schafen, wou Mënschen, mat an ouni Demenz, sech begéine kënnen.


De Georges Urwald huet d’Lidder, déi entweeder thematesch beienee passen oder vum selwechten Auteur/Komponist sinn, an 12 Potpourrien arrangéiert, esou datt mir vill vun de Liiblingslidder an engem kuerze Programm verschaffe konnten. Fir d’Live-Opféierungen hu mir vum Anouk Schiltz eng mobil Bün entwerfe gelooss, déi esouwuel a Kulturhaiser wéi och an Heemer opgebaut ka ginn. Eng Rei weider Artisten a Museker sinn dozougestouss, an esou ass e flotten, inklusive Projet entstanen, dee Grouss a Kleng, Al a Jonk begeeschtert. Leider huet d’Coronakris eis e Stréch duerch eis geplangten Tournee gemaach.

Aus där besonnescher Situatioun eraus ass d’Iddi fir dëst Buch entstanen, dat d’Designerin Lea Schroeder fir eis illustréiert an opgesat huet. Zum Buch gehéiert och en DVD mat enger Opnam vum Concert ouni Publikum am Stued Theater zu Gréiwemaacher den 21. Juni 2020.

,,Fir ze kucken, ze lauschteren,
selwer ze spillen a matzesangen…
Mir hoffen, datt dëst Buch an d’Opnam vum Concert
ville Leit vill Freed wäert bréngen.’’

D’Lidderheft mat der DVD ass a verschiddene Librairien

oder iwwer info@milasbl.lu ze kréien.

Präis: 35 Euro (plus 5 Euro Versandkäschten)

ISMN 979 – 0 – 9016606 – 0 – 1

Bezuelt einfach 40 Euro iwwer Digicash oder mat Virement op de Konto:

Momenter intensiv liewen asbl CCPLLULL LU72 1111 7159 5801 0000

mam Vermierk „Lidderheft MIL asbl“