fbpx

NEWS

24.5.2020: Clip iwwert eist Engagement

Kuckt hei eise kuerze Virstellungsvideo, deen eis d‘Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte finanzéiert huet an dee vu SKIN gedréint a montéiert gouf.

23.5.2020: COVID-19 News

Mir hunn eis Homepage aktualiséiert. Et ass vill geschitt an de leschte Wochen a mir starte geschwënn mat enger – un des besonnesch Zäiten – ugepasste Programmatioun.

13.3.2020: D’Maus Kätti vun der Toile Si-Re a.s.b.l. am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

D’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann spillen dem Auguste Liesch seng Maus Kätti fir d’BewunnerInne vum Fleegeheem an d’Kanner aus der Primärschoul niewendrun.

28.1.2020: Premiere vum Projet „Il était encore beaucoup de fois…“ zu Ierpeldeng am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“

D’Luisa Bevilacqua an d’Christiane Feinen erzielen a sange fir Mënsche mat Demenz. Dir fannt all d’Infoen zum Projet hei. Dir kénnt eis buchen um info@milasbl.lu

25. a 26.1.2020: Kanner o Kanner, o quel bonheur am CAPE zu Ettelbréck

D’ëffentlech Concerten am CAPE zu Ettelbréck waren ausverkaf an hunn eng 160 Persounen ugezunn. Mir soe jidderengem Merci deen eis gehollef huet des „éischt relaxed performances“ op d’Been ze stellen. Et geet weider mam Projet de 17. an 18. Oktober zu Déifferdeng.

31.12.2019: Mir hunn e Projet bei ESCH2022 eragereecht.

Eng Oper fir Mënsche mat Demenz, Schoulklassen a jidderee soss deen intresséiert ass. Dréckt eis d’Daumen 🙂

11.10.2019: Eise Flyer op lëtzebuergesch a franséisch ass do

Dir kënnt en bei eis bestellen op info@milasbl.lu oder hei eroflueden.

26.8.2019: De Robert Biever ass Éierepresident

De Robert Biever – ancien Procureur d’Etat – ass Éierepresident vun der MIL asbl. Als laangjärege Frënd vum Mil, si mer immens frou, datt hien eis ënnerstëtzt.

25.8.2019: Kanner o Kanner, o quel Bonheur

Mir freeën eis op den éischte grousse Projet vun der MIL asbl. „Kanner o Kanner, o quel Bonheur“ huet den 12. Oktober am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ Premiere. De Georges Urwald, d’Mady Weber an den Ensembel FLOTT sangen d’Liiblingslidder vun de BewunnerInnen. Méi Infoen hei.