De MIL Chouer – e Chouer fir jiddereen

Dir sangt gären ? Dir maacht gären eng flott Aktivitéit mat Äre Léifsten zesummen ?

De MIL – Chouer gëtt mat vill Humor a bekannte Melodië vun der Musekspedagogin Jenny Spielmann geleet an ass op fir jiddereen, dee Freed um Sangen huet.

Um Programm stinn Opwiermübungen fir de Kierper an d’Stëmmbänner, kleng Sëtzdänz, einfach Lidder am Kanon an da studéiere mer zesumme bekannte lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Lidder an (Wéi meng Mamm nach huet gesponnen, Kiermes am Duerf, Lili Marleen, Sur le pont d’Avignon a vill anerer).

Nächst Seancen:

16. November 2024 um 10:30 Auer

30.November 2024 um 10:30 Auer

7. Dezember 2024 um 10:30 Auer

Chrëschtconcert zu Ierpeldeng: 15. Dezember 2024 um 14h30

 

Sidd Dir intresséiert all zweet Woch Samschdes vun 10:30-11:30 Auer zu Ierpeldeng am Festsall vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ an dësem inklusive Chouer matzesangen, da mellt Iech bei ons: info@milasbl.lu.

Jiddereen ass wëllkomm! E Mënsch mat Demenz soll vun enger Bezugspersoun begleet sinn.

 

Eng Zesummenaarbecht vun der MIL asbl mam INECC an der Association Luxembourg Alzheimer.

Ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

 

Mir organiséieren och Concerten. Den 6. Juli hu mer um Summerfest vun der ALA gesongen an den 21. September 24 an der Stad op der Place Clairefontaine.

 

Fotoen: Gilles Seyler